top of page
Himmel

  TAFF ALU- & STOLBOTZ 
   Erëm staark Faarwen.   

Professionell Botz vu Garagepaart, Hausdier a Fënsterrummen zu Lëtzebuerg an an der Grenzregioun Tréier, Saarburg, Bitburg, Prüm.

Garagepaart, Fënsterrummen an Hausdier aus Alu oder Stol erëm propper.

 

Sinn Är Paart, Är Fënsterrummen an Är Hausdier aus Alu oder Stol bleech an net méi schéin? Dir hutt Gléck a musst net nei usträichen!

 

A kuerzer Zäit huet TAFF mat sengem eenzegaartege Botzmëttel [TAFF SHINE] alles erëm frësch gemaach an et gesäit aus wéi nei. D‘Faarwe si wéi am Ufank nees staark a schéin. Dir wäert perplex a begäschtert sinn!

TAFF Sonnenaufgang

Är Virdeeler:

 

✓  KEEN USTRACH NÉIDEG

✓  BOTZ MEESCHTENS AN E PUER STONNEN

✓  OPTIK WÉI NEI

✓  OPWÄERTUNG VUN ÄRER IMMOBILIE

✓  TOP ÉISCHTEN ANDROCK

TAFF Reinigung Garagentor

Iwwerzeegt Iech selwer vun der TAFF Botz vun Garagepaart, Hausdier oder Fensterrummen

 

Paart, DIer a Fenster sinn d'Visitekaart vun Ärem Doheem. Mat der Zäit ginn munnech Uewerflächen wéinst der Sonn an dem Wieder bleech a gesinn net méi gutt aus.

TAFF Alu- & Stolbotz suergt dofir datt Är paart, Är Dier oder Är Fënsterrummen no kuerzer Zäit erëm wéi nei ausgesinn.

Fir erëm e schéi "Gesiicht" vun ärem Doheem.

 
Esou botzt TAFF Är Paart, Hausier oder Fensterrummen:

1. Gratis-Testfläch

 

Schou bäi der Testfläch kënnt Dir iech denken, wéi Är Paart, Dier oder Fensterrummen erëm ausgesi wäerten.

TAFF Testfläche Reinigung Garagentor
TAFF Fensterrahmenreinigung

2. Opdroe vum Botzmëttel

 

Eis efffektiv "Faarfkur" [TAFF SHINE] suergt fir erëm staark Faarwen an eng Optik wéi deemols.

Dozglasienwald Luxemburg.webp

TAFF benotzt nëmmen déi bescht Botzmëttele fir Äert Haus ouni onnéideg chemesch Zousazstoffer.

TAFF Shine

TAFF Botz vu Garagepaart, Hausdier a Fënsterrummen garantéiert e proppert Resultat. Mat Paff-Effekt.