Ëmgeréits
Mir hunn d'Äerd vun eise Kanner geléint.
Et ass ganz wichteg fir eis, déi sanftste Botzmëttelen mat sou wéineg schaarfe Chemikalien wéi méiglech ze benotzen. Wou méiglech och ganz ouni Chemikalien an nëmme mat purem Waasser. Mir recycléieren dat dreckegt Waasser op der Plaz an eise Gefierer. Den Dreck gitt spéider korrekt entsuergt an recycléiert.
Eis Ëmgeréits ass vun héchster Qualitéit a gitt permanent vun Laboratoiren iwwerpréift.
Mir fillen eis responsabel fir d'Natur (an Äert Doheem) ze erhalen an net ze verschmotzen.
Ären TAFF Team

TAFF steet zu sengem Wuert
All Mataarbechter kennen hir Responabilitéit fir hir Aarbecht a wëllen hir Clienten mat Kompetenz, Zouverlässegkeet an Diskretioun begäschtern.

Pénktlechkeet
Pénktlechkeet ass fir eis den Ausdrock vu Respekt. Mir huelen Är wäertvoll Zäit ganz eescht a liwweren den Devis an d’Leeschtung zum ausgemaachten Zäitpunkt!

Vertrauensvoll Behandlung
Mir schätzen et wierklech datt Dir eis Äert Vertraue gitt fir an Ärer Privatsphär ze schaffen. Dir kënnt op déi virsiichteg a vertrauensvoll Behandlung vun Ärem Besëtz vertrauen.
Héchst Qualitéit
„Qualitéit ass, wann de Client zeréck kënnt an nët d‘Wuer!“ Mir hätte gär, dass Dir Fans vu TAFF gitt! Dat geet nëmme mat Top-Qualitéit.

Diskretioun
Mir kennen d‘Ängschte, wann Handwierker am/beim eegenen Doheem schaffen. Dir kënnt Iech drop verloossen, dass mir oppassen an esou onopfälleg, ewéi nëmme méiglech, schaffe wäerten.


Perfekt Propretéit
Knascht sicht Dir no der Aarbecht bei Iech ouni Succès. Mir botzen alles bis an de leschten Detail, esou wéi wann et bei eis doheem wier.

Ausgebilt Mataarbechter
Bei eis fannt Dir nëmmen an eisem internen Trainingsprogramm héich forméiert Spezialisten. Nëmmen esou kënne mir eis eege Standarden erfëllen.