Fassadebotz

E proppert Haus ouni Stee. Nohalteg Erhéijung vum Wäert abegraff!

D‘TAFF Fassadebotz léist organesche Knascht, Pilzen an Alge schounend. Duerno gëtt Är Fassad mat engem douce Waasserstral mat nidderegem Drock ofgespullt. Zum Schluss gëtt nach ee Fassadeschutz drop gemaach fir laang Jore vill Freed mat der frësch gebotzter Fassad.

 

An dat ganzt bei vergläichbarer Qualitéit bis zu 70% méi bëlleg, ökologesch besser a méi séier wéi nei unzesträichen. 

TAFF Fassadenreinigung
Fassadebotz-Prozedur:

Uwendung vum Botzmëttel

Douce Wäsch mat Recycling 

Uwendung vum
Laangzäitschutz

Är Fassad gëtt grëndlech mat ongeféier 60° C waarmem, recycléiertem Waasser aus dem Service-Gefier mat Déifdrock ofgewäsch a gesäit elo erëm wéi nei aus. Op Ufro kënne mir Är Fënstere bannen a baussen an engems mat botzen!

De speziellen TAFF PRESERVE Fassadeschutz gëtt ugewannt fir d'Fassad méi resistent géint neie Knascht ze maachen.

Als éischt gëtt en High-Tech Sammelbaseng um Buedem installéiert, deen d'dreckegt Waasser opfängt a verhënnert, dass et an de Buedem kënnt. Da gëtt d'Fassad bei nidderegem Drock mam Botzmëttel TAFF ACTION gesprëtzt, wat zënter zéng Joer erfollegräich getest gouf.

Steiger
Firwat TAFF Fassadebotz?

Sidd Dir genervt wann Algen an Dreck op Ärem Haus si, mee Dir wësst net wat Dir musst maache? Mir wiere frou Iech vum TAFF Fassadebotz ze iwwerzeegen! Dir sidd bei eis a gudden Hänn! Är Fassad gëtt an kuerzer Zäit gebotzt. OUNI Stee an deier Faarf. D'Resultat wäert Iech iwwerraschen!

Schounend awer effektiv!

Déi TAFF Fassadebotz léist organeschen Dreck souwéi Pilzen an Algen op schounend Art a Weis. Är Fassad gëtt duerno mat engem Déifdrockwaasserstral gespullt. Schlussendlech gëtt e speziellen Fassadeschutz drop gemaach, durech deen Dir jorelaang Freed mat der gebotzter Fassad wäert hunn.

Testfläche
Eis Verspriechen

Hutt Dir Froen iwwer d'Behandlung vun Ärer Fassad? Mir stinn zu all Moment zur Säit! Är Fassad ass bei eis a beschten Hänn. Mir hale,  wat mir verspriechen:

Pénktlech

Sécher

Ouni Stee

Mir respektéieren Är wäertvoll Zäit an halen eis u Rendez-vousen!

E virsiichtegen Ëmgang mat Ärem Haus an Ärem Eegentum  ass eis Haaptprioritéit.

Mir schaffe mat engem patentéierte Lanzesystem an ouni Stee: méi Sécherheet géint Abroch a manner Zäit a Suen sinn noutwendeg.

Fënsterbotz

Erhéijung vum Wäert

Leit & Material

Mir si frou Är Fënsteren am Kader vun Ärer Fassadebotz ze botzen.

De Wäert vun Ärer Immobilie gëtt ëm bis zu 15% gesteigert. Wann Dir wëllt verkafen, ginn d'Chancen enorm an d'Luucht!

All TAFF Mataarbechter si frëndlech a bestens forméiert. D'Maschinnen an d'Gefierer sinn um modernste Stand.

Ëmweltschutz

Ekonomie | Ekologie

Déi schounend Notzung vu knappe Ressourcen, inklusiv Recycling an de spuersame Gebrauch vu Botzmëttel a Fassadeschutz si fir eis ganz wichteg.

TAFF Fassadebotz ass bis zu 70% méi bëlleg an Instituter zertifizéieren, dass en och ökologesch besser ass wéi en neien Ustrach.

Referenzen
Et gëtt benotzt:
TAFF Action
Et gëtt benotzt:
TAFF Star
Et gëtt benotzt:
TAFF Preserve