Eis Läschtungen
Mir botzen dobaussen.

Fassadebotz
D‘TAFF Fassadebotz léist organesche Knascht, Pilzen an Alge schounend. Fir privat a fir Appartments-/Bürosgebaier. Op Wonsch mat gebotzte Fënsteren.

Steenterrassebotz
Pawee, Haff an de Buedem ronderëm d’Haus ginn mat 100 Grad waarmem Waasser ouni schaarf Chemikalien schounend gebotzt.

Holzterrassebotz
Hartnäckege Knascht, al Lackéierungen an Algen ginn ewech geholl. Déi gro Faarf geet fort an déi propper hëlze Buedemplacken gi geuelegt.

Daachbotz
TAFF botzt Ären Daach just mat Déifdrock. Esou gi keng Zillen futti oder rau an ongeschützt. Grouss Moosflecker gi virdrun ewechgeholl an e speziell Botzmëttel mecht déi Zillen propper.

Photovoltaikbotz
Speziell, professionell an besonnesch schounend Botzsystem fir eng douce an effektiv Botz. Är Photovoltaikanlag ass erëm propper ouni Réckstänn a produzéiert maximale Stroum.

Natursteemauerbotz
Egal ob Kallek, Sandsteen, Granit, Marmor oder Schifer - TAFF befreit Är Mauer aus Natursteen vu graffem Dreck. Doropshi ginn Algen a Knascht permanent eliminéiert.