Eis Verspriechen
Hutt Dir Froen iwwer d'Behandlung vun Ärer Fassad? Mir stinn zu all Moment zur Säit! Är Fassad ass bei eis a beschten Hänn. Mir hale, wat mir verspriechen:
Pénktlech
Mir respektéieren Är wäertvoll Zäit an halen eis u Rendez-vousen!
Sécher
E virsiichtegen Ëmgang mat Ärem Haus an Ärem Eegentum ass eis Haaptprioritéit.
Ouni Stee
Mir schaffe mat engem patentéierte Lanzesystem an ouni Stee: méi Sécherheet géint Abroch a manner Zäit a Suen sinn noutwendeg.
Fënsterbotz
Mir si frou Är Fënsteren am Kader vun Ärer Fassadebotz ze botzen.
Erhéijung vum Wäert
De Wäert vun Ärer Immobilie gëtt ëm bis zu 15% gesteigert. Wann DIr wëllt verkafen, ginn d'Chancen enorm an d'Luucht!
Leit & Material
All TAFF Mataarbechter si frëndlech a bestens forméiert. D'Maschinnen an d'Gefierer sinn um modernste Stand.
6 Joer Garantie
Wann den Dreck bannent sechs Joer zréck kënnt, wäerte mir bei Iech kommen an e gratis erëm ewech machen!
Ëmweltschutz
Déi schounend Notzung vu knappe Ressourcen, inklusiv Recycling an de spuersame Gebrauch vu Botzmëttel a Fassadeschutz si fir eis ganz wichteg.
Ekonomie | Ekologie
TAFF Fassadebotz ass bis zu 70% méi bëlleg an Instituter zertifizéieren, dass en och ökologesch besser ass wéi en neien Ustrach.