top of page
Himmel

  TAFF NATURSTEEBOTZ 
   Well den éischten Androck zielt.  

Professionell Botz vun  Natursteen zu Lëtzebuerg an an der Grenzregioun Tréier & Bitburg.

Ob Kalleksteen, Sandsteen, Granit, Marmer oder Schifer. TAFF botzt all Zorte vun Natursteen.

 

Ass Är Natursteemauer iwwer d'Joren zu engem Dreckmagnéit ginn? Algen an Dreck setzen sech duerch d'Wieder drop an de Stroosseverkéier mécht de Rescht. Natursteen ass Natur. Dofir botzt TAFF schounend biologesch a suergt fir eng laang, dauerhaft Propretéit.

 

Maacht nach haut e Rendez-vous a gesitt Är Natursteemauer mat neien Aen.

TAFF Sonnenaufgang

Är Virdeeler:

 

✓  ËMWELTFRËNDLECH BOTZ

✓  BOTZ MEESCHTENS A JUST 1 DAG 

✓  LANGFRISTEGE SCHUTZ GÉINT ALGEN A DRECK

✓  OPWÄERTUNG VUN ÄRER IMMOBILIE

✓  TOP ÉISCHTEN ANDROCK

TAFF Natursteinreinigung Keispelt

Iwwerzeegt Iech selwer vun der TAFF Botz vun Natursteen

 

Eng Natursteemauer ass net nëmmen eng Immobiliegrenz. Et ass dacks dat Éischt, wat d'Leit gesi wa se laanscht Äert Haus ginn. Et gëtt keng zweet Chance fir en éischten Androck. Dofir ass eng propper Mauer wichteg fir d'Ausgesinn vun Ärer ganzer Immobilie.

 

TAFF Natursteebotz suergt dofir datt Är Steemauer no kuerzer Zäit erëm wéi nei ausgesäit.

Fir datt Dir e gudden Androck maacht an d'Ausgesinn vun Ärem Domicile profitéiert vun enger propperer Mauer aus Natursteen.

 
Esou botzt TAFF Är Mauer aus Natursteen:

1. Ewechhuele vun Dreck

 

Als éischt gëtt d'Natursteemauer vun Algen an Dreck befreit.

TAFF Natursteinreinigung
TAFF Natursteinreinigung

2. Opdroe vum duusse Botzmëttel

 

Dat schounend Botzmëttel [TAFF INDEPENDENCE] gëtt applizéiert fir datt Dir déi propper Steemauer fir eng laang Zäit genéisse kënnt.

Dozglasienwald Luxemburg.webp

TAFF benotzt nëmmen déi bescht Botzmëttele fir Äert Haus ouni onnéideg chemesch Zousazstoffer.

TAFF Independence

TAFF Botz vun Natursteen garantéiert e proppert Resultat. Mat Paff-Effekt.