TAFF Solarreinigung

  TAFF SOLARBOTZ  
   Erëm maximal Stroumproduktioun.  

Professionell Solarbotz zu Lëtzebuerg an an der Grenzregioun.

Extrem schounend Botz vun Solarsystemer an Photovoltaikanlagen.

 

Generéiert Äre Photovoltaik-System net méi déiselwecht Quantitéit u Stroum wéi wann se installéiert gouf? De Grond dofir kënnen Dreckspartikelen op de Solar-Panneauen sinn. Eis besonnesch sanft Botz mat Eau pure suergt dofir, datt Dir erëm maximal grénge Stroum generéiere kënnt. Dat ass gutt fir d'Ëmwelt a gutt fir Äre Portemonnaie.

 

Frot haut e gratis Devis fir Äert Sonnesystem ze botzen. 100% fräi an ouni Obligatioun.

sonnenaufgang taff.jpg

Är Virdeeler:

 

✓  BESONNESCH SCHOUNEND BOTZ

✓  BOTZ A JUST 1 DAG 

✓  BOTZ MAT EAU PURE

✓  KENG STEE NÉIDEG

✓  ERËM MAXIMAL STROUMPRODUKTIOUN

Iwwerzeegt Iech selwer vun der TAFF Solarbotz

 

E Photovoltaiksystem um Daach ass eng Investitioun an d'Zukunft. A mat klammende Stroumkäschte mécht et perfekt Sënn fir en Deel vum selwer produzéierte Stroum an d'Heemnetz ze fidderen. Eng propper Uewerfläch muss garantéiert sinn, fir datt d'Sonn hir voll Energie un d'Solarpanneauen weidergi kann. Keng einfach Aufgab, jee no Wieder a Saison.

 

TAFF botzt Äre Solarsystem a garantéiert datt Dir Är erëm voll Energie luede kënnt.

Fir datt Äre Photovoltaiksystem nees maximal Stroum produzéiere kann -
an Dir Sue verdéngt.

 
Schrëtt fir Schrëtt zu enger propperer Solaranlag.

1. Botz vun der Solaranlag

 

Speziell, professionell an besonnesch schounend Botzsystemer kommen zum Asaz fir eng duus an effektiv Botz mat Eau pure.

TAFF Solarreinigung
TAFF Solarreinigung

2. Erëm propper ouni Rëckstänn

 

Är Photovoltaiksystem produzéiert erëm maximale Stroum fir eng laang Zäit.

TAFF benotzt bei der Solarbotz nëmmen Eau pure.

 

"Reinwasser" ass Waasser a senger rengster Form, chemesch veraarbecht fir all Mineralstoffer ze entfernen, déi soss Kalkreschter um Glas loossen. Eau pure huet eng super Botzkraaft a vermeit d'Benotzung vu Chemikalien. D'Glas vun de Solarpanels gett ouni Rëckstänn hannerlooss. Dëst spuert Zäit, Aarbecht a Suen.

 

TAFF Solarbotz garantéiert e propper Resultat.
Mat Paff-Effekt.

Wat kënne mir fir Iech maachen?

Zefridden TAFF Clienten

"Wou ass den Unhänger mat der Stee?"

Client vun Iechternach

Eis Verspriechen

Schwarz Washed Wand
TAFF Broschure 2022.jpg
Nach net iwwerzeegt?

Kuckt Iech den aktuelle Folder vum Wort oder déi aktuell TAFF Broschür un. Gäre schécke mir Iech e gedréckten Exemplaire zou!

Follegt eis op Facebook.

Schéckt eis Är Ufro!

Mir wieren frou Iech ze begäschteren!

 

TAFF SARL by WANDWERK

6, rue des Promenades

L-6314 Beefort

+352 283 862 62

Büroszäiten

méindes - freides 7 - 18 Auer
samsdes no Arrangement

2022.03.25 titelbild ww team 2022.jpg