D‘Botz ass eise Métier!

TAFF Fassadebotz an Terrassebotz erfreet sëch grousser Popularitéit. Dacks goufe mir gefrot, ob och aner Botzen ugebuede ginn. Elo freeë mir eis, Iech déi nei Läschtungen vun TAFF presentéieren ze kënnen. Vun haut un botze mir nieft Ärer Fassad an Ärem Pawee/Ärer Holzterrass och Är Daach, Är Photovoltaikanlag an Är Mauer aus Naturstee. Alles op gewunnt schounend an effektiv Art a Weis. 

Simon Engelbert & Marco Schmitz

 

TAFF Geschäftsführer

TAFF steet zu sengem Wuert

All Mataarbechter kennen hir Responabilitéit fir hir Aarbecht a wëllen hir Clienten mat Kompetenz, Zouverlässegkeet an Diskretioun begäschtern.

Michael Zander + Auto

Pénktlechkeet

Pénktlechkeet ass fir eis den Ausdrock vu Respekt. Mir huelen Är wäertvoll Zäit ganz eescht a liwweren den Devis an d’Leeschtung zum ausgemaachten Zäitpunkt!

Wasserauffangwanne

Vertrauensvoll Behandlung

Mir schätzen et wierklech datt Dir eis Äert Vertraue gitt fir an Ärer Privatsphär ze schaffen. Dir kënnt op déi virsiichteg a vertrauensvoll Behandlung vun Ärem Besëtz vertrauen.

Héchst Qualitéit

„Qualitéit ass, wann de Client zeréck kënnt an nët d‘Wuer!“ Mir hätte gär, dass Dir Fans vu TAFF gitt! Dat geet nëmme mat Top-Qualitéit.

TAFF Fahrzeug

Diskretioun

Mir kennen d‘Ängschte, wann Handwierker am/beim eegenen Doheem schaffen. Dir kënnt Iech drop verloossen, dass mir oppassen an esou onopfälleg, ewéi nëmme méiglech, schaffe wäerten.

TAFF Wasseraufbereitung
Fensterputzen

Perfekt Propretéit

Knascht sicht Dir no der Aarbecht bei Iech ouni Succès. Mir botzen alles bis an de leschten Detail, esou wéi wann et bei eis doheem wier.

TAFF Fassadenreinigung

Ausgebilt Mataarbechter

Bei eis fannt Dir nëmmen an eisem internen Trainingsprogramm héich forméiert Spezialisten. Nëmmen esou kënne mir eis eege Standarden erfëllen.

TAFF Team 2022.webp

TAFF TEAM 2022